Systemesch Opstellungen

Wat ass eng systemesch Opstellung?

Mir gehéieren alleguer zu engem System (Famill, Firma, Associatioun…) an deene wou Geschichte virkomm sinn.

Déi kënne ganz hefteg sinn oder esou guer déif verstoppt.

Onbewosst widderhuele mer dës Geschichten, an dat bréngt dann heiansdo mat sech dass mir ganz schwiereg Situatiounen, mat heftege Konsequenzen, erliewen.

Opstellunge bréngen nei Äntwerten zum Virschäin an dem de System den ee kuckt, 3-dimensional gewise gëtt a sech esou och Léisunge fir Problemer op privatem, familiärem a berufflechem Niveau, weisen.

D’Wierkunge vun enger Opstellung weisen sech mat der Zäit an Dir wäert déif an dauerhaft Ännerungen an Ärem Liewe feststellen.

Opstellungen erméiglechen Iech a kuerzer Zäit e neien Equiliber ze fannen a weisen Iech, wéi de System onbewosst mee ganz konkret, Är Akten, Handlungen an Ären Alldag beaflosst.

Et ass keen therapeuteschen Akt, mee eng Méiglechkeet vu Perséinlechkeetsentwécklung fir Iech ze hëllefen un Äre ganze Potential ze kommen.

Opstellunge sinn en formidabelt Hëllefsmëttel, wat net laang dauert an extrem performant ass.

Beräicher fir Opstellungen

  • Léise vu perséinleche Konflikter, familiär oder berufflech Problemer
  • Problemer am Stot
  • Suchtproblemer
  • Seng Plaz an der Famill oder am Beruff fannen
  • Verstréckunge léisen
  • Blockaden opléisen
  • Schemaen a Widderhuelunge verstoen
  • Familljegeheimnisser opdecken
  • Senge Krankheetssymptomer e Sënn ginn a se verstoen
  • Erëm Vertrauen a sech kréien
  • E(ng) Liewenspartner(in) fannen dee bei ee passt
  • Problemer vu Mobbing oder Burn-out
  • Erëm mat sech selwer a Verbindung kommen
  • Versönung mat sech selwer
  • Säin déiwen ECH entdecken
  • Seng eegen Aart a Weis ewéi een d’Saache gesäit, entwéckelen
  • Sengem Liewen e Sënn ginn
  • Perséinlech Entwécklung

Eis Technik:

Éier mir opstellen, maache mir zesummen e Virgespréich, fir Är Besoinen, Är Ängschten an Är Erwaardungen erauszefannen.

No dësem Gespréich hu mir Är Demande kloergestallt an d'Opstellung u sech kann ufänken. Mir proposéieren Iech verschidden Technike fir ze schaffen, ënner anerem mat sougenannten "Buedem Ankeren", Holzfiguren an dem Systembried.

Zesumme wiele mir déi Persounen, Sujeten oder Elementer déi opgestallt ginn, aus. Nodeems Dir dës Elementer gewielt an opgestallt hutt, kann d'Opstellung ufänken...! Wärend Ärer Seance leede mir Iech an Dir bleift zu all Moment Meeschter vun Ärer Opstellung.

Generelles:

Mir proposéieren individuell Opstellungen oder am Grupp, wou d’Leit sech begéinen, awer och online Opstellungen, un.

Mir hu Raimlechkeeten zur Verfügung, oder mir komme bei Iech heem.

Diskretioun a Vertraulechkeet sinn zwee Pilieren déi et erlaben Iech ons unzevertrauen.

Eng Opstellung dauert an der Moyenne 1,5 Stonnen (Virgespréich net abegraff).

Mir bidden Opstellungen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch un.