isabelle-jeanjacques2

Systemesch Opstellungen:
Famill an/oder Betriib

Eis systemesch Aarbecht riicht sech souwuel u Privatpersounen, grad ewéi un Entreprisen an Organisatiounen, déi wierklech bereet sinn eppes un hirer aktueller Situatioun ze änneren. An den Opstellunge weisen sech d’Schwächte vun Ärem System an den Elementer déi dozou gehéieren, fir Iech esou ze erlaben Är Ressourcen ze erkennen an doduerch Äert Potential kënnen ze entwéckelen.  Déi längst bewise Wierksamkeet vun dëser Method (mat physescher Presenz an/oder online), hänkt awer och vun Ärem Wëllen fir richteg Ännerungen, sief et an Ärem Beruffs- oder Privatliewen, an Ärer Famill, an Ärem sentimentale Liewen, ..., of.

 

 

D’Begéinung
mat Iech selwer

Isabelle & Jean-Jacques

 

Individuell Opstellunge maache mir op RV.

Aschreiwung iwwer Email oder

den Telefon 621 400 761  Email

Eist Zil ass et fir zu Lëtzebuerg an am Ausland d’Method vun den systemeschen Opstellungen als Moyen vu Perséinlechkeetsentwécklung ze verbreeden Weiderliesen

Opstellunge bréngen nei Äntwerten un d‘Liicht andeem de gefrote System 3-dimensional representéiert gëtt an esou Léisunge fonnt ginn, souwuel bei privaten, familiären ewéi och beruffleche Problemer. Weiderliesen

Eis Seancen „Nolauschteren & Ënnerstëtzung“ si besonnesch effikass bei Burn-out, Mobbing, Trauer a perséinlechen a beruffleche Problemer. Weiderliesen

Suivéiert eis op de sozialen Netzwierker

All ons Videoen op

Onsen Top Video