Wie si mir?

Isabelle FABER

D’Isabelle Faber huet iwwer 18 Joer als Journalistin fir verschidde Presseorganer zu Lëtzebuerg geschafft.

Wärend laange Joren, a bis viru kuerzem, huet hatt als benevollen aktive Member fir de GSP (Groupe de Support Psychologique) beim CGDIS geschafft.

Nieft senger Missioun um Terrain war hatt och responsabel fir di national Presseaarbecht an déi vun der Groussregioun.

Hatt huet e sëllege Formatiounen an der individueller Kriseninterventioun gemaacht fir Gruppen ze encadréieren (Primärschoulen, Lycéeën an Entreprisen) an d‘Leede vun aussergewéinleche Situatiounen. An dësem Kontext ass d’Isabelle och an der Suizidpräventioun forméiert.

Dës Erfarungen hunn him erméiglecht, den Zesummenhang tëscht Krisesituatiounen ze erkennen an dem System an dem en entstanen ass.

Jean-Jacques SCHONCKERT

No senge Studien zu Nanzeg, schafft de Jean-Jacques zënter 1986 als Affekot.

Seng Erfarung, gekoppelt mat senger Villsäitegkeet, erlaben him de Clientë eng ganz Palett vu Service a villen Domainer kënnen unzebidden (Bauwiesen, Immobiliërecht, sozial Aarbecht a Sozialrecht, Familljerecht, Strofrecht, Handelsrecht).

Ëmmer op der Sich no engem „Plus“ fir seng Clientë, huet hie séier d’Grenze vum traditionelle Justiz System erkannt an ass ëmmer op der Sich no alternativen a zousätzleche Léisungen.

De Jean-Jacques Schonckert ass ee vun deenen éischten Affekoten dee sech an der Mediatioun forméiert huet a vun der Mediatioun bis zu der Systemik ass et nëmmen ee Schrëtt….