Espace „Nolauschteren & Ënnerstëtzung“

Mir bidden och Seance vu „Nolauschteren an Ënnerstëtzung“ un, besonnesch effikass bei Burn-out, Trauer, perséinlechen a beruffleche Problemer.

  • Braucht Dir Kloerheet an Ärem privaten oder beruffleche Liewen?
  • Hutt Dir perséinlech oder berufflech Problemer?
  • Fillt Dir Iech eleng?
  • Sidd Dir an Trauer?
  • Fillt Dir Iech duercherneen?
  • Hutt Dir onsécher oder ängschtlech Momenter?
  • Wënscht dir e Wiessel an Ärem Liewen?
  • Fillt Dir Iech op Ärem Liewenswee verluer?
  • Wéilt Dir méi Zäit fir iech hunn?
  • Wëllt Dir Iech (erëm) mat Iech verbannen?
  • Wëllt Dir (erëm) de Meeschter vun Ärem Liewe ginn?
  • Hutt Dir d’Bedürfnis iwwer Är Suergen ze schwätzen a se matzedeelen?

Mir hëllefen Iech Äre richtegen ECH (erëm) ze fannen, Dir kritt d’Geleeënheet Iech (erëm) mat Iech selwer ze verbannen an Äre Wee ze fannen.

Eis Missioun ass et Iech nozelauschteren an Iech ze ënnerstëtzen

Diskretioun a Vertraulechkeet sinn zwee Pilieren déi Iech erlaben Iech ons unzevertrauen. Mir schaffen un der Entwécklung vun der Perséinlechkeet an hu keen therapeutescht Zil.

Sollte mir et fir néideg empfannen, verweise mir weider un Therapeute mat deene mir zesumme schaffen.

Mir schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Mir bidden och online Seancen un.