Eis Missioun

Eis Welt entsteet oder zerstéiert sech, ofhängeg vun de Relatiounen déi d’Mënschen ënnert sech ënnerhalen, tëschent hinnen an de Saachen déi se ëmginn, z.b d‘ Natur asw.

Alles funktionéiert a Systemer.

Um mënschleche Niveau ass d’Basis d‘Famill.

Doriwwer eraus kann ee ganz liicht nach eng Hellewull vun anere Systemer identifizéieren: Eco-Systemer, politesch Systemer, Finanzsystemer, ekonomesch Systemer, de nervleche System, de cybernetesche System, dat heescht d’Interaktioun tëscht Mënsch a Maschinn.

Ouni ze vergiessen datt dës Systemer ënnert enee wierken a sech géigesäiteg beaflossen!

Esou ass zum Beispill bewisen dass um Niveau vum System „mënschleche Kierper“ eng organesch Krankheet- déi villäicht selwer scho verursaacht ass duerch en Defizit um Niveau vum muskuläre System - eng Influenz op de nervleche System huet (an ëmgedréit).

Op familiärem Niveau, huet e Burn-out vun engem Familljemember Konsequenzen op déi aner Familljememberen an op d‘Gleichgewiicht vum ganze (Famillje)System selwer.

D’Zil vun all System ass fir säin Gläichgewiicht ze fannen, fir ze iwwerliewen an e ka nëmmen iwwerliewen wann e sech weider entwéckelt. Ouni Entwécklung, kee "Selbsterhalt", kee Gläichgewiicht.

Et ass nach net laang hier dass mer ons iwwert d‘Existenz an d‘ Interaktioun vun dëse Systemer bewosst gi sinn.

E bessert Versteesdemech vun dëser Neier Welt ass onëmgänglech fir en anert Ëmgoen innerhalb der Mënschheet, déi sech weider entwéckele muss, ënner dem Risiko ze verschwannen.

Als Member vun engem System (Famill, Firma, Veräin…) dréit all Eenzelen zum Erhale vum System an zu senger Entwécklung bäi, esou ewéi och de System selwer, op ënnerschiddlech Aart a Weis, all eenzelen beaflosst a sech weider entwéckelt.

Dëse System huet d’Tendenz fir senge Memberen net nëmmen déi schéin Experienze weiderzeginn, mee och déi di een dodrun hënnere säi Liewen ganz ze liewen.

Eis Missioun ass:

  • D’Existenz an de Fonctionnement vun de Systemer zu deenen Dir gehéiert, mat Iech ze entdecken
  • All dat wat Äre System Iech verierft huet, wat en Iech u Glawenssätz weiderginn huet, opzedecken (Familljegeheimnisser, verschidden Traumaen, Wiel vum Partner, Scheedung, Verloscht vun engem Kand, finanziell Problemer, berufflech Problemer, Krankheeten, …..)
  • Iech bewosst ze maachen wéi eng Schemae sech widderhuelen an déi Iech dodrun hënnere virun ze kommen
  • Den Hindernisser déi Iech drun hënneren zu Ärem volle Potenzial ze kommen (fir dass Dir dat Liewen ob dat Dir Recht hutt ze liewen, liewen kënnt), aus dem Wee ze raumen
  • Äert ënnerlecht Gläichgewiicht erëm ze fannen an dat vun Ärem System an domat zu senger Heelung

Dofir bidde mir Iech individuell Opstellungen oder am Grupp un, no Äre Besoinen, déi mir virdrun zesummen ausgeschafft hunn.